Um fréie Freideg Owend gouf der Police eng Persoun zu Äischen beim Centre Sportif gemellt, déi Schossverletzungen hat. De Blesséierte koum an d'Spidol.

Um fréie Freideg Owend gouf kuerz no enger Ausernanersetzung tëscht e Puer Persounen an der Géigend vum Centre Sportif zu Äischen eng blesséiert Persoun gemellt. Éischten Informatiounen no hat d'Affer Schossverletzungen.

Rettungsekippen,e Noutdokter an d'Police sinn op d'Plaz komm. De Blesséierte koum no éischter Hëllef an d'Spidol a gouf noutoperéiert.

De Parquet gouf informéiert an huet eng Enquête an d'Weeër geleet.
An dësem Zesummenhang sicht d'Police no Zeien déi sech beim 113 oder per Email SPJ-Info@police.etat.lu solle mellen.