No dem éischten Trend beim Referendum si méi wéi 60% fir eng fräi Zirkulatioun vun EU-Bierger an der Schwäiz.

Engem éischten Trend no hu beim Referendum an der Schwäiz 60 Prozent géint eng Initiativ vun der konservativer Vollekspartei SVP gestemmt. De Plang vun der SVP war datt den Accord tëscht der Schwäiz an der EU gekënnegt gëtt. Dësen erlaabt et den EU-Bierger an der Schwäiz ze liewen an ze schaffen. Weiderhin ass dësen Accord d´Viraussetzung dass d´Schwäiz Zougang zum EU-Marché kritt.

Am Viraus haten eng Réi Experten a Parteie virun de wirtschaftlechen a finanzielle Konsequenze gewarnt falls d´SVP mat hirem Plang gewënnt an den Accord gekënnegt gëtt.