Dat vum US-President Trump geplangte Verbuet, d'Video-App TikTok an den USA erofzelueden, ass gestoppt ginn.

An den USA kritt TikTok méi Zäit fir mat der Regierung ze verhandelen. Een US-Geriicht huet d’Download-Verbuet bis op Weideres gestoppt. Eigentlech hätt TikTok um Méindeg aus den App-Stores an den USA verschwanne sollen. De President Trump hält déi chineesesch App fir ee Sécherheetsrisiko. An enger Woch soll d’App an den USA ganz verbuede ginn. Doriwwer gëtt awer nach verhandelt.