Der "New York Times" no soll den Trump an de Joren 2016 an 2017 quasi keng Steiere bezuelt hunn. Riets geet vu just 750 Dollar.

Den US-President Trump soll 2016 an 2017, dat éischt Joer als President, quasi keng Steiere bezuelt hunn. Dat schreift um Sonndeg d'"New York Times". D'Zeitung berifft sech op Steier-Ënnerlagen. Deemno wiere wuel just 750 Dollar bezuelt ginn. Der Zeitung léinge wuel déi lescht 20 Joer vir, déi beleeë géifen, dass hien och scho laang iert hie President war, keng Akommessteier bezuelt huet.

Als Reaktioun op den Artikel fuerderen d'US-Demokrate Kloerheet iwwert d'Steierënnerlage vum Trump. D'Walkampfteam vu sengem Konkurrent Joe Biden huet ugefaange Stickeren ze verkafen, dat mat der Opschrëft: "Ech hu méi Akommessteiere wéi den Donald Trump bezuelt."

Aus dem Wäissen Haus heescht et, dass dat Fake News wieren. Den Trump wëll awer weiderhin seng Steiererkläerungen net publizéieren.