D'Gemeng Weiler zum Tuerm sicht no Zeien. Beim Hasselter Chalet gouf et ee gréissert Feier.

D'Gemeng Weiler zum Tuerm mécht op senger Facebooksäit een eegenen Zeienopruff. Beim Hasseler Chalet gouf et deemno ee Feier. D'Gemeng schwätzt vu Brandstëftung.

Zeien déi eppes gesinn hunn, sollen sech bei der Gemeng mellen.