De CGDIS huet dëse Méindeg de Joresbilan vun 2019 presentéiert.

D'Lëtzebuerger Rettungsdéngschter goufe knapp 60980 Mol an den Asaz geschéckt. An der Moyenne waren dat 167 Asätz den Dag, also all 9 Minutten. Den 10. Mäerz gouf mat 358 Asätz e Rekord gezielt. De 17. August dogéint war dee rouegsten Dag mat 112 Interventiounen. Am Verglach zum Joer virdru goufe méi Interventioune gezielt mat engem Plus vu knapp 10 %.

Dat ka mat der Hausse vun de Leit, déi hei wunnen, grad esou wéi mat de Grenzgänger erkläert ginn. Ma och gréisser Katastrophe wéi den Tornado am Süde vum Land Ufank August huet dozou bäigedroen. 1.858 Accidenter, bei deenen eng Persoun blesséiert gouf, sinn dem CGDIS 2019 gemellt ginn. 2.180 war ee wéinst Bränn am Asaz.

Iwwer 7.000 Persoune schaffe beim CGDIS, dovunner knapp 3.800 Fräiwëlleger. Vun de Membere vum CGDIS sinn 80,58 % Männer an 19,42 % Fraen. 43 Nationalitéite si vertrueden, mat 90,48 % steet d'Lëtzebuerger Nationalitéit op Plaz 1.