Een- an Zwee-Cent-Mënze wäerten an der EU wuel eréischt an e puer Joer ofgeschaaft ginn. Dat huet d'Kommissioun zu Bréissel e Méindeg erkläert.

Esou soll e Gesetzesentworf fir eng EU-wäit Ofschafung fréistens Enn 2021 virleien. Bis dohinner wëll een de Gebrauch bewäerten an dës Analys afléisse loossen. D'Kommissioun hat dat Thema Ufank des Joers eng éischte Kéier ugeschwat. Donieft sinn eenheetlech Reegele fir d'Opronnen am Handel gefuerdert ginn.

Der Europäescher Zentralbank no goufe bis Enn 2019 ronn 36,7 Milliarden Een-Cent- an 28,2 Milliarden Zwee-Cent-Mënzen an Ëmlaf bruecht.