Den 1. Oktober gëtt d'Etüd zesumme mat der Police lancéiert. Et wëll een esou Informatioun iwwert d'Strofdoten am Land sammelen.

Ënnersicht gëtt d'Kriminalitéit am Land. Donieft sammelt een Donnéeën iwwert d'Zefriddenheet vun de Leit a Bezuch op d'Aarbecht vun der Police selwer. D'Questionnairë ginn an 3 Phase verdeelt respektiv erausgeschéckt, dat vum 1. Oktober 2020 u bis Enn des Joers un ausgewielte Leit.

D'Froebéi sinn a 5 Sproochen disponibel a ginn online ausgefëllt. Wien net online mat maache wëll kann och via Telefon un der Enquête deelhuelen.