Eng exzeptionell Rentrée ass d'Schouljoer 2020/2021. Wéi lieft a léiert et sech mam Dispositif Sanitaire an eise Schoulen?

Maximal Chancen op Bildung, minimal Chance fir de Virus?

Ënnert dem Slogan "Maximal Chancen op Bildung, minimal Chance fir de Virus" steet d'Rentrée wéi och d'Schouljoer 2020/2021. Dofir stinn am Dispositif Sanitaire, dee vum Gesondheetsministère wéi och dem Educatiounsministère ausgeschafft gouf, eng ganz Partie Consignen. A mat dësen mussen déi ronn 48'350 Schüler aus dem Secondaire all Dag liewen an och léieren. Dorënner zum Beispill, wéini a wou d'Schüler hir Masken droe sollen, ma och wéi vill a wéini d'Klassesäll gelëft gi sollen.

D'Maskeflicht

Bei de Maske ginn et ganz kloer Consignen.

© Ministère de l'éducation nationale

© Ministère de l'éducation nationale

Lauschtert hei de Reportage punkto Masken an de Schoulen

Effektiv hunn d'Direktioune vun den 52 Lycéeën hei am Land also d'Méiglechkeet a Punkto Undoe vun der Mask méi staark Mesuren z'applizéieren. Ma wouru sech vun de Schüler hirer Säit méi gestéiert gëtt, sinn d'Ausnamen, déi net ganz logesch wieren. Esou ass et de Proffen dacks méiglech fir d'Mask wärend dem Cours-Halen auszedoen. An dat soulaang se fir bei der Tafel stinn an do schwätzen. Dat mam Argument, dass d'Enseignanten soss wärend 6 Stonnen vun hirem Dag d'Mask konstant un hätten. D'Schüler fille sech do vergiess, well och si esou laang an der Schoul wieren, an awer konstant d'Mask undoe missten. An och am Cours matschaffe sollen. Ma, dass d'Schüler op d'mannst wärend de Prüfungen d'Masken ausdoen dierfen, ass och just op Demande vun der nationaler Schülerkonferenz duerchgesat ginn.

Donieft dierf och an de Klasse giess ginn, natierlech ouni Mask. Do ass d'Zuel zwar op 10 Schüler pro Sall limitéiert. D'Fro stellt sech, ob et do ouni Mask manner geféierlech ass zesummen ze sinn, oder ob der Kantin op engem Dësch, wéi elo am normalen Unterrecht. Besonnesch wann et am Gebai keng Kantin gëtt, an och soss keng aner Plazen, un deenen d'Schüler sech wärend der Mëttegpaus ophalen dierfen. Dann hunn d'Schüler kee wierkleche Choix mat wiem oder wou se hir Mëttegpause verbréngen.

Een anere Punkt, deen de Schüler Suerge mécht, ass d'Hygiène vun der Mask selwer. Et ass jo eigentlech gewosst, dass et och net ideal ass, wann een iwwert ee längeren Zäitraum déi nämmlecht Mask undeet. Eemol, well duerch d'Waasser, dat eise Kierper ausootemt sech perfekt Konditioune fir Bakterie, Mikroben a Viren bilden. Déi een dann nees anotemt. Ma no laangem Droen, soll d'Mask och net méi dee selwechte Schutz bidden, well Viren a Bakterien beim Ausootmen dann awer méi einfach duerch de Stoff géife kommen.

De Virus "erauslëften"

Ma nieft de Masken mécht nach een anere Punkt deen och am Dispositif Sanitaire steet Problemer. Nämlech d'Lëfte vun de Klassesäll. Do steet Folgendes am Schreiwes:

© Ministère de l'éducation nationale

Och hei steet effektiv dran, dass soll gelëft ginn. Ma awer net, dass d'Fënstere konstant solle grouss op sinn. Wat a verschiddene Gebaier hei am Land awer de Fall wier, wéi mer gezielt kruten. Donieft gëtt och dacks verlaangt, dass an de Klassesäll net nëmmen d'Fënsteren, mee och d'Dieren déi ganz Zäit grouss op sinn. De Ministère schreift zwar, dass d'Schüler hir "tenue vestimentaire upasse sollten un d'Temperaturen déi méi kal wäerte si wéi gewinnt". Mee ass et wierklech ideal, dass d'Schüler schonn am September gesot kréien sech Schaler a Mutzen ze besuergen fir esou am Cours ze setzen? Nieft der décker Jackett natierlech. Et sollen och elo scho Schüler deels mat extra Decke vun doheem an hire Kuere setzen, fir no laangem sëtzen net z'erkalen.

Keen idealen Zoustand fir d'Schoul, besonnesch well déi kal Temperaturen eréischt kommen. Ma och a verschiddenen Direktiounen stellt ee sech schonn iwwert de Wanter Froen. Spéitstens da wann d'Temperaturen nach méi drastesch falen, misst wuel gekuckt ginn, wéi et mam Duerchzuch-System an de Schoule soll weidergoen.

Lauschtert hei de Reportage punkto Lëften an de Schoulen

Fortschrëtt wuel duerch Technik

Ee wichtege Punkt beim gelongenen Ëmsetze vum Dispositif Sanitaire si kloer d'Infrastrukturen. Wat d'Gebai vum technesche Standpunkt hir besser equipéiert ass, wat och d'Lëfte méi einfach ass. Esou ginn am Lycée Aline Mayrisch zum Beispill d'Fënsteren no all Cours automatesch op, fir 5 Minutten duerchzelëften. Proffen a Schüler si sécher méi dem Wieder ausgesat an ale Lycéeën, wéi et bei neien oder renovéierte Gebaier de Fall ass. Ma wéi vill vun de lëtzebuergesche Lycéeën besëtzen dann elektronesch gesteiert Fënsteren, oder eng performant Lëftungsanlag? Sinn doduerch Schüler an Enseignanten an eelere Gebaier net massiv benodeelegt, wann et ëm hir Gesondheet, ma och hir schoulesch Leeschtunge geet?

An iwwert dem Ganze steet weiderhin de Slogan "Maximal Chancen op Bildung, minimal Chance fir de Virus". D'Fro déi net nëmme Schüler, mee och Eltere sech stellen: ass dat an deene Konditioune wierklech méiglech? Well souguer wann de Coronavirus eraus gelëft gëtt, kënnen aner Krankheeten d'Schüler an och d'Léierpersonal dovun ofhalen normal hire Kuer ze suivéieren. Wat der Bildung sécher net zegutt kënnt.

Feedback vum Educatiounsministère

Op Nofro beim Educatiounsministère, op een schonn op d'Uleies vun de Schüler reagéiert hätt, krut Eldoradio folgende Statement:

© Eldoradio

Ma villäicht freeën sech verschidden Kleederbutteker, wann den Dispositif Sanitaire esou bleift. Well ouni Schi-Ënnerwäsch an extra isoléiert Kleeder, gëtt et wuel ee battere Cours. Pardon, Wanter.