Och wann een an e Land wëll reesen, dat Lëtzebuerg als Risikogebitt agestuuft huet, kann een esou en Test ufroen.

Zënter e Mëttwoch kann een nees e gratis Coronatest ufroen, wann een an e Land reest, wat en negativen Test bei der Arees verlaangt. De Staat offréiert nees d'Méiglechkeet, sech an deem Kader gratis testen ze loossen. Donieft besteet och nach ëmmer d'Offer en Test unzefroen, wann een aus der Vakanz aus dem Ausland nees heem kënnt. Dat nämmlecht ass och virum Depart méiglech. Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg wunnt, kann esou eng Demande iwwert MyGuichet.lu maachen.