D'Autoritéite vu Rheinland-Pfalz hunn och eng Ausnamereegelung fir d'Arees fir Lëtzebuerger Residenten decidéiert.

D'Ministerpresidentin Malu Dreyer hat dat an engem däitschen Interview duerchblécke gelooss - bundeswäit soll et elo erlaabt ginn. D'Presidentin sot, et hätt een dat mat den Autoritéite gekläert. D'Autoritéite selwer hunn dëst dunn en Donneschdeg confirméiert.

Déi nei Veruerdnung soll dëse Samschdeg den 3. Oktober a Kraaft trieden. Deemno wier zum Beispill d'Akafen zu Tréier a soss kuerz Openthalter vu manner wéi 24 Stonnen nees méiglech. D'Saarland hat scho reagéiert a sot, dass Lëtzebuerger areesen dierfen, wa se manner wéi 24 Stonnen am Saarland bleiwen.

Lëtzebuerg gouf jo vun Däitschland als Risikogebitt agestuuft, deemno heescht et bei der Arees entweder Quarantän oder en negative Coronatest virweisen.