Kuerz virun 9 Auer 30 en Donneschdeg koum et zu engem Accident op der RN12 tëscht Groussbus an dem Léierhaff.

Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun blesséiert, wéi den Auto sech op där Streck iwwerschloen huet. Wéi et zum Accident komm ass, gouf net matgedeelt. Op der Plaz waren ënnert anerem d'Ambulanz vu Réiden, de SAMU aus dem Norden, d'Pompjeeë vu Groussbus, Réiden an dem Préizerdaul.