Vill Diskussioune gouf et ëm déi partiell Quarantän, déi a bestëmmte Fäll decidéiert gouf. No enger geneeër Analys gouf dës elo nees ofgeschaaft.

Déi gesetzlech Basis fir eng partiell Quarantän wier net zolidd genuch. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fernand Kartheiser. Et goufen an Tëschenzäit aner Dispositioune geholl an déi partiell Quarantän gouf ofgeschaaft. Elo misst gekuckt ginn, wat a Realitéit ëmgesat ka ginn, sou de Minister weider.

Am Fall vun enger Quarantän soll sech déi betraffe Persoun esou gutt et geet vum Rescht vun der Famill ewech halen. Dem Minister no wier dat effektiv am Fall vu Kanner, besonnesch och klenge Kanner, net esou einfach ëmzesetzen. D'Recommandatioune vun der Santé wieren da generell Richtlinnen, déi vu Fall zu Fall adaptéiert misste ginn.

Elteren, déi Froen hunn, solle sech bei der Hotline vun der Santé (247-65533) mellen oder bei der Hotline vun der Educatioun (8002-9090). Wann néideg, kann een un e psychologesche Service weider vermëttelt. Wann et zu méi Corona-Fäll an enger Klass kënnt, heescht méi wéi 2 Fäll bannent zwou Wochen, gëtt déi ganz Klass a Quarantän gesat.