Fir hir TikTok-Follower wollt eng Mam een Entféierungsvideo dréinen. D'Inszenéierung hat awer déidlech Suitten. Der Influencerin gouf an de Kapp geschoss.

Zu Chihuahua a Mexiko ass den Dréi vun engem Video fir d’Plattform TikTok fir eng 20 Joer al Fra déidlech ausgaangen, wéi "Mexiko Daily News" mellt.

D'Areline Martinez (20) hat mat 9 weider Persounen ee Video gedréint, an deem si sou mécht, wéi wann si entféiert gëtt. Et war net di éischte Kéier dass si esou ee Video gedréint huet. Dës Kéier ass et awer schif ausgaangen.

Am Video, deen am Internet zirkuléiert, gesäit een d’Fra un ee Stull ugestréckt a sech géint hie presuméiert Entféierer wieren. Aus net bekannte Grënn gouf fir de Video eng richteg Waff benotzt, déi d’Mexikanerin um Enn déidlech um Kapp verwonnt huet. Si hannerléisst ee Kand vun 1 Joer.

Eng vun de Persounen op der Plaz huet d'Police geruff, duerno sinn se alleguerte geflücht. Duerch de Video konnten si identifizéiert ginn, awer nach net festgeholl ginn.