Viru kuerzem gouf d'Europe's Most Wanted Fugitives vu lëtzebuergescher Säit ergänzt.

Gesicht gëtt nom 48-järegen Ukrainer Davit Kuzmyn, deen Enn 2019 un e puer Autosdéifställ am Land bedeelegt gewiescht soll sinn. Hie soll Member vun enger grousser krimineller Organisatioun sinn. Ee Mattäter gouf da scho gefaasst a sëtzt zu Lëtzebuerg am Prisong.

Wéi um Site vun Europol ze liesen ass huet hien an der Vergaangenheet och d'Nimm Davit Kuzmini, Davit Kamladze an Davit Getiashvili benotzt.

Indicë kënnen der Police via Telefon op den +352 244 60 5599 gemellt ginn. Weider Detailer zum Mann fënnt een hei.

© https://eumostwanted.eu/kuzmyn-davit