Nom Regierungsrot an no enger Kommissiounssëtzung an der Chamber huet d'Paulette Lenert e Pressebriefing iwwert déi aktuell Coronasituatioun gemaach.

Nees méi Infektioune bei eelerer Bevëlkerung

D'Paulette Lenert huet betount, datt d'Situatioun eescht ass. Et kritt een et gestäipt, mee d'Zuele mussen nees erof goen. D'Ministesch huet e Mëttwoch de Point gemaach an eng Rëtsch Erklärungen zu der aktueller Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg ginn. Et gouf eng Hausse vu 47% par Rapport zu der Woch virdru gezielt. Dës Entwécklung wier "beonrouegend", mee géif d'Lag am Ausland widder spigelen, esou d'Paulette Lenert. An der Woch vum 5. bis 11. Oktober goufen 806 Residente positiv getest, op 14 Deeg gekuckt waren et 217 Fäll pro 100.000 Awunner - eng immens héich Zuel. D'Altersmoyenne ass mat 36 Joer an der Moyenne niddreg, dëse Fait géif also och d'Klinicken entlaaschten, ma et goufen och méi nei Fäll bei den eelere Leit am Land gezielt. Esou goufen et lescht Woch 6 Doudesfäll a Relatioun mam Covid-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer louch bei 83 Joer, all d'Affer haten der Ministesch no schwéier Virerkrankungen an d'Situatioun wier ganz eescht gewiescht.

Lëtzebuerg ass a Phas 2 vum Spidolsplang

1.993 Leit ware lescht Woch a Quarantän (+33%), 1.125 an Isolatioun (+3%). Déi meescht Fäll komme mat 25% nach ëmmer aus dem familiäre Milieu, mat 12% vun den neie Fäll gouf och eng Hausse an der Schoul gezielt. Lëtzebuerg géif sech de Moment an der Phas 2 vum Spidolsplang befannen, an der 3. Phas gëtt et méi seriö, kënnt een do un, musse verschidden Aktivitéiten am Spidol zeréckgeschrauft ginn. Aktuell géifen d'Urgencen net vill Covid-Patiente mat schlëmme Symptomer mellen, grad esou ass et d'Info vun de Generalisten, dass méi Aktivitéit do ass, ma si géifen net verstäerkt Leit mat Corona-Symptomer identifizéieren. Dëst sinn 2 Indicateuren, déi weisen, wéi seriö d'Situatioun ass. Der Ministesch no hätt een d'Lag also am Grëff, wat d'Spidolkapazitéiten ugeet. Eng mobil Ekipp mat Bus gouf jo scho rezent presentéiert, dat géif och gutt klappen, et wier een zum Beispill an Altersheemer ënnerwee a kéint geziilt Leit teste goen.

Schnelltester fir Medezinner a Gesondheetsberuffer

Am Regierungsrot gouf d'Decisioun geholl Schnelltester anzesetzen, fir esou d'Laboen an d'Aarbecht um Terrain ze entlaaschten. Dës sinn de Medezinner a verschidde Gesondheetsberuffer virbehalen. Da war et den Opruff, sech un dee gängege Wee ze halen, wann ee sech wëll teste loossen: Just mat Ordonnance. Et wiere vill, déi sech wéilten ouni Ordonnance teste loosse goen. Preventiv Tester géife fir laang Waardezäite suergen, dat misst een evitéieren, esou d'Paulette Lenert. Just Leit mat Verdacht sollen och getest ginn, ausser et kritt een eng Invitatioun zum Beispill iwwert de Large Scale Testing. E weideren Opruff ass, sech bei Houscht oder Schnapp duerch checken ze loossen. Och wann ee virdrun esou schaffe gaangen ass, sollt een dat grad elo net maachen an direkt kontrolléieren, ob ee sech ugestach huet. Et setzt ee weider op déi aktuell Mesuren: Distanz halen, Mask undoen a Kontakter limitéieren.

Verhale mat wiem een a Kontakt war

De Schlëssel ass d'Zréckverfollege vu Kontakter. An deem Kader gouf drun erënnert, dass ee sech am beschten opschreift, wien ee wou gesinn huet, ob een eng Mask unhat, ob een Distanz gehalen huet. D'Aarbecht vun der Tracing-Ekipp kéint esou ëm d'Hallschent reduzéiert ginn. D'Ministesch weist sech optimistesch, et hätt een et am Summer gepackt, wa jiddereen Eegeverantwortung iwwerhëlt a sech un d'Moossnamen hält, géif een et zesumme packen, d'Zuelen erof ze drécken. E "kollektiven Effort ass gefuerdert", mee d'Paulette Lenert weist sech zouversiichtlech. Et hält een d'Situatioun mam Monitoring am A a suivéiert d'Evolutioun ganz enk mat alle Responsabelen um Terrain fir direkt kënnen ze reagéieren, wann d'Spideeler iwwerfuerdert an den Tracing net méi, wéi et sollt sinn, ëmgesat ka ginn. Et hofft een, dass een e Vaccin nach Enn dest Joer kritt. Hei war et d'Info, datt keng speziell Impf-Campagne geplangt wier.

Fir d'Fluxen an de Laboen ze splécken, gëtt iwwert eng nei Form vun Drive-in nogeduecht. Leit mat enger Ordonnance vum...

Gepostet von Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg am Mittwoch, 14. Oktober 2020