
© Eldoradio
Et ass offiziell: An Däitschland ass d'Jugendwuert vum Joer 2020 gewielt ginn. "Lost" ass de Gewënner vun dësem Joer.
Mam Begrëff gëtt en onséchert oder anungsloost Verhale beschriwwen. An der Online-Ofstëmmung hu sech bal d'Hallschent vun de Leit fir de Begrëff "Lost" ausgeschwat. Op de Plazen 2 an 3 si "wild" a "cringe" gelant. Am Ganzen hat d'Jury fir d'Ofstëmmung 10 Begrëffer erausgesicht.
D'Jugendwuert gouf dëst Joer fir eng éischte Kéier op dës Aart a Weis bestëmmt. An de leschte Jore war eng vun de Kriticken, dass d'Jury aus eelere Leit zesummegesat gëtt, déi dann iwwert d'Wuert bestëmmen.
Hei d'Gewënner aus de leschte Joren:
- 2018: "Ehrenmann/Ehrenfrau"
- 2017: "I bims"
- 2016: "Fly sein"
- 2015: "Smombie"
- 2014: "Läuft bei dir"
- 2013: "Babo"
- 2012: "Yolo"
- 2011: "Swag"
- 2010: "Niveaulimbo"
- 2009: "hartzen"
- 2008: "Gammelfleischparty"