Den däitsche Robert-Koch-Institut huet de Grand Est an Holland als Risikogebidder agestuuft.

Och Korsika, Malta, Slowenien, 8 Regioune vun der Schwäiz, Gebidder a Schweden a Finnland an och Regiounen a Groussbritannien, Portugal, Irland, Italien, Ungarn a Kroatien sinn op hir Lëscht gesat ginn. D'Astufung gëllt vun dësem Samschdeg un. Erwaart gëtt elo, datt d'Autoritéite fir all dës Länner Reeswarnungen decidéieren.

E Land gëtt als Risikogebitt agestuuft, wann de Grenzwäert vu 50 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner an de leschte 7 Deeg iwwerschratt ginn ass. Ronn 130 Länner, déi komplett betraff sinn, do kommen der nach dobäi, déi deelweis e Risikogebitt sinn.

D'Astufen als Risikogebitt heescht net Reesverbuet, ma d'Arees ass awer u Konditioune wéi Quarantän oder negative Coronatest gebonnen.