Dat geet aus der aktueller Kaart vum Europäeschen Zentrum fir Krankheeten ervir. Och Lëtzebuerg ass als rout Gebitt agezeechent.

Iwwer d’Hallschent vun den EU-Länner gëllt als Corona-Risikogebitt. Dat geet aus der neier Kaart vum Europäeschen Zentrum fir Krankheeten a Preventioun (ECDC) ervir. Dës Kaart soll vun dëser Woch un all Woch aktualiséiert ginn. Si berécksiichtegt déi neisten Zuelen. Dobäi ginn de Positivitéitstaux (also den Taux vu positiven Tester am Verglach zu der Zomm vun den Tester) an d'Zuel vun den Neiinfektiounen vun de leschte 14 Deeg berécksiichtegt.

Der aktuellster Kaart vun en Donneschdeg no ass och Lëtzebuerg als rout Gebitt agezeechent, genau wéi 16 aner Länner aus dem EU-Gebitt.

An der Kaart si just 3 Länner gréisstendeels gréng, dorënner Norwegen, Finnland a Griicheland.

5 Länner sinn an der Kaart net berécksiichtegt, well hei d'Donnéeë feelen - Däitschland, Éisträich, Schweden, Dänemark an Island.

Am Ganze si 17 vun de 27 EU-Länner a Groussbritannien als rout aklasséiert. Persounen, déi aus orange oder rout gezeechente Länner kommen, musse bei enger Arees mat méigleche Restriktioune rechnen.