D'EU-Länner si sech nach net eens, wéiee Klimazil bis 2030 wëllen errechen. Um aktuelle Sommet gouf déi Decisioun verréckelt.

En Donneschdeg an e Freideg ass den EU-Sommet zu Bréissel. Fir en Donneschdeg war virgesinn, datt d'Staats- a Regierungscheffen iwwer d'Klimaziler vun der EU debattéieren, virun allem ëm eng méiglech Verschäerfung vun den Ziler.

D’EU huet sech jo dozou verflicht, bis 2050 klimaneutral ze sinn a bis 2030 vill Emissiounen ze reduzéieren. Bis elo läit d'Zil fir 2030 bei enger Reduktioun vu 40 % am Verglach zu 1990. Well dat net duergeet, proposéiert d'EU-Kommissioun eng Reduktioun vu 55%.

En Donneschdeg hunn d’Staatscheffen decidéiert, datt si eréischt beim nächsten EU-Sommet am Dezember wäerten iwwer dëst Klimazil debattéieren. Si hu betount, datt si zesumme wëllen en Zil fannen, datt awer déi "national Ëmstänn" vun all Memberstaat sollt respektéiert ginn. D'Klimazil muss deemno net vun all eenzelen EU-Staat op nationalem Niveau erreecht ginn, mee zesummen an der EU am Ganzen.