En Donneschdeg gouf an der Chamber iwwer d'Motioun vun der ADR diskutéiert, déi de Récktrëtt vum Ausseminister gefuerdert huet. D'Motioun gouf net ugeholl.

En Donneschdeg gouf an der Chamber iwwer de Récktrëtt vum Ausseminister Jean Asselborn debattéiert. D’ADR hat wéinst verschiddenen Aussoe vum Ausseminister säi Récktrëtt gefuerdert. Ënnert anerem huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dem Ausseminister virgehäit, sech an d'Aussepolitik vun anere Länner anzemëschen, sou zum Beispill duerch e Kommentar, datt Éisträich sech besser sollt ëm Flüchtlinge këmmeren, amplaz duerch d'Géigend ze jodelen. Duerch esou Aussoe géif den Ausseminister Europa splécken, esou d'ADR.

Beim Debat huet och d’CSV de Minister fir seng Flüchtlingspolitik kritiséiert.

Schlussendlech gouf d‘Motioun vun der ADR awer mat 55 Nee-Stëmme refuséiert.