Eng honnerten Automobiliste haten e Freideg e Stau a Richtung Stad, fir op den arméierte Konflikt an der Karabach-Regioun opmierksam ze maachen.

Op der franséischer A31 war e Freideg de Moien e gréissere Stau – dat wéinst enger Maniff vun Armenier, wéi France Bleu mellt. Si haten eng sougenannte "operation escargot" organiséiert, also e Protest, wou si express lues fueren, fir den Trafic ze blockéieren. Vun Thionville aus hate sech zënter de Moie kuerz viru 7 Auer eng honnerten Autoen un d’Aktioun ugeschloss.

Wéi den ACL géint hallwer 9 matgedeelt huet, ass de Grenziwwergang a béide Richtunge gespaart. Wéi et weider heescht, war och eng Manif op der A3 op der Héicht vum Grenziwwergang. Och hei war de Grenziwwergang a béid Richtunge gespaart wéinst der Maniff.

D’Demonstrante wëllen domat op de Konflikt an der Bergkarabach-Regioun opmierksam maachen. Do ass den Ament e Krich tëscht Armenien an Aserbaidschan. Béid Länner streiden zënter Joren ëm d’Bergkarabach-Regioun. Géint 11 Auer 30 huet d'Police Entwarnung ginn - d'Maniff géif sech lues a lues opléisen.