De Staatsministère huet et e Freidegowend confirméiert: De Regierungsrot kënnt e Samschdegowend beieneen. Duerno gëtt et eng Pressekonferenz.

Mat dëse ginn d'Analyse gekuckt an d'Situatioun vun de Corona-Infektiounszuele gëtt op en Neits evaluéiert. De Regierungsrot kënnt dann e Samschdegowend beienee fir eventuell nei Corona-Moossnamen ze huelen. D'Mesuren hänke vun den Zuelen of, also wéi staark dës geklomme sinn respektiv nach klamme wäerten. Vun 18 Auer un dierf d'Press op d'Plaz kommen, nom Regierungsrot ginn et also Detailer, dat vum Premier Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Virun e puer Deeg haten de Premier wéi d'Gesondheetsministesch betount, datt aktuell keng nei Moossnamen a Siicht wieren. Et gouf awer och gesot, datt d'Zuelen erof goe mussen: Dëse Freideg goufen zu Lëtzebuerg 227 Residente positiv getest. Wat d'Kapazitéiten an de Spideeler an d'Better ugeet, wier een net beonrouegt - et misst een awer assuréieren, dass dat sou bleift.

Déi staark Hausse vu kranke Leit géif engem Suerge maachen. An anere Länner gesäit et net anescht aus. Eng Partie Staaten, dorënner och Frankräich oder Holland, hu fir verschidde Regiounen deelweis Ausgangsspären decidéiert. A Groussbritannien verschäerfe sech d'Mesurë vun e Samschdeg un.