D’Enseignantsgewerkschaft SNE huet an engem Communiqué e Bilan vun der Situatioun ee Mount no der Rentrée an de Schoule gezunn.

Dem SNE/CGFP no ass d'Hausse vu 7 op 12% vun den Infektiounen an der Schoul alarmant. D'Schoul ass nom familiäre Milieu déi zweet-héchste Kontaminatiounsursaach. Fir déi Concernéiert um Terrain wier dat eng net onwichteg Noriicht, ma et fuerdert een, datt elo och d'Politik unerkennt, datt ee sech an der Schoul mam Coronavirus ustieche kann.

Mat de Mesuren, déi den SNE/CGFP scho fir d'Rentrée proposéiert hat, misste sech elo och déi politesch Responsabel ausernee setzen, esou den SNE weider. Et akzeptéiert een net, datt déi héich Infektiounszuelen an de Schoulen ignoréiert ginn.

Hei nach eemol d'Fuerderungen:

  • D’Ofstandsreegle mussen iwwerall an der Schoul agehale ginn. Wann dat bei gréisseren Effektiver net am Klassesall méiglech ass, da muss op méi grouss Klassesäll zeréck gegraff ginn oder d’Klass muss gesplitt ginn.
  • Mir brauche mobil Raumluftreiniger an deene Fäll, wou d’Fënsteren net opginn oder d’Klimaanlagen e konstanten a vollstännege Loftaustausch net garantéiere kënnen.
  • Mir brauchen an all Sall sougenannte CO2-Ampele fir d’Konzentratioun u verbrauchter Loft an de Klassesäll ze kontrolléieren. Esou kéint e sënnvollt Lëften agefouert a verhënnert ginn, dass d’Kanner an d’Personal duerchgoend a kale Raimlechkeete sëtze mussen.
  • Krank Kanner mat Symptomer wéi Féiwer mussen heem geschéckt kënne ginn. Dofir mussen an all Schoul Féiwermoosapparater zur Verfügung stoen an zum Asaz kommen.
  • D’Vermësche vu Kanner an der Maison Relais muss verhënnert ginn.