De brittesche Premier bereet d'Wirtschaft vu sengem Land op en haarde Brexit vir.

Sollt d'EU hiren Asaz an de Verhandlungen net grondleeënd änneren, wäert et keen Handelsofkommes ginn, esou den Johnson. D'EU hätt keen Interessi un engem Fräihandelsofkommes, dowéinst erwaart een eng Bezéiung ouni Vertrag. Den eenzege Wee wier, dass d'EU hir Positioun ännert. Iwwert déi zukünfteg Reegele gëtt zënter laangem ouni Resultat diskutéiert. Den Johnson hat fir d'Eenegung d'Frist op de 15. Oktober gesat. Enn des Joers geet d'Iwwergangsphas op en Enn.

D'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen sot, datt ee weider un engem Deal schafft. Eng Verhandlungsekipp geet nächst Woch op London, fir d'Gespréicher ze intensivéieren. Ouni Accord muss ee mat Stroftaxen an anere Problemer a Punkto Handelsmarché rechnen.