Nodeems d'Enseignantsgewerkschaft SNE e Freideg an engem Communiqué e konsequent Handele gefuerdert huet, huet de Minister elo reagéiert.

Konkret ass de Claude Meisch op déi genannten Zuelen, d'Corona-Infektiounen, agaangen. "Ee Moment! An deenen 12%, déi d’Santé genannt huet, si net nëmmen eis Schoulen an eis Schüler. Mee och Studenten, esou wéi Schüler a Studenten aus dem Ausland." Dat huet den Educatiounsminister op sengem Twitter-Kont erkläert. Hannergrond ass de Communiqué vum SNE/CGFP vun e Freideg de Moien.

Dem SNE/CGFP no ass d'Hausse vu 7 op 12% vun den Infektiounen an der Schoul alarmant. Et fuerdert een, datt elo och d'Politik unerkennt, datt ee sech an der Schoul mam Coronavirus ustieche kann.