D'Dot ass an der Géigend vu Paräis zu Conflans-Sainte-Honorine um Freideg den Owend geschitt. Den Täter gouf vun der Police erschoss.

D'Affer ass ee 47-Järegen Geschichtsprofesser, dee senge Schüler an engem Cours iwwert Meenungsfräiheet ëmstridde Mohammed Karikature gewise soll hunn. Heifir gouf d'Schoul staark kritiséiert.

Den Täter vun 18 Joer, deen zu Moskau gebuer ass, soll aus islamisteschen Hannergrënn gehandelt, an de Saz "Gott ass grouss" geruff hunn. Hie soll mat zirka 10 Schëss vun der Police erschoss gi sinn, nodeems hien de Mann mat engem Messer attackéiert, an d'Dot duerno op soziale Medie verëffentlecht hat.

Mëttlerweil goufe 9 Persounen aus dem Täter sengem Familljekrees festgeholl, ënnert hinnen och ee Mannerjäregen. Den Emmanuel Macron huet virun der Press gesot, dass d’Natioun géint d’Opklärugsfeindlechkeet zesummestoe géif, fir d’Schoulpersonal ze schützen. Weider lueft hien d'Schoul dofir, dass si d'Meenungsfräiheet trotz all de Widderstänn verdeedegt huet. Et wier keen Zoufall, dass den Täter ausgerechent eng Republik ugegraff hätt, déi d'Kanner zu kriteschem Denken animéiert.