Deemno dierf hei bis an de fréie Moien de Wunnsëtz net méi verlooss ginn. An der Belsch mussen d'Restaurante a Caféë vun e Méindeg un 4 Wochen zoumaachen.

De belsche Regierungschef hat um Freideg matgedeelt, dass Leit, déi kënnen, vun doheem aus schaffe sollen. Weider dierf een sech zu 4 Persounen doheem ophalen, virausgesat dass et 2 Woche laang déi selwecht sinn. No 22 Auer owes deirf och keen Alkohol méi verkaf ginn. Dës Restriktioune solle fir 4 Woche gëllen.

Och Frankräich geet deels an de Lockdown. Op 9 Hotspot Plazen dierf tëscht 21 Auer a 6 Auer moies de Wunnsëtz net verlooss ginn, heizou ziele Paräis, Marseille, Lyon, Lille, Rouen, Saint-Etienne, Grenobel, Toulouse a Montpellier. Ausname ginn et, wann een op d'Aarbecht, bei eng vulnerabel Persoun, oder bei den Dokter fiert. Dem Wirtschaftsminister Bruno Le Maire wier dëst eng manner deier Alternativ zu engem landeswäite Lockdown.