Domat wëll ee verhënneren, dass ausserschoulesch Betreiungsstrukture fir e Lockdown zoumaache mussen.

Den däitsche Gemengebond hat géintiwwer der Press matgedeelt, dass een dofir d’Erzéier méi bei der Ëmsetzung vun der Hygiène ënnerstëtze misst. Heifir wier ënnert anerem zousätzlecht Hëllefspersonal virgesinn, dat an de Crèchen dozou bäidroe soll, d'Kanner bei der Hygiène ze ënnerstëtzen. Et wéilt een d’Elteren an d’Kanner net op e neits am Reen stoe loossen wat d’Bildung ugeet, an dofir e Lockdown vu Betreiungsstrukturen sou gutt et geet verhënneren, esou de Gerd Landsberg.