Infirmièren, déi a Frankräich gebraucht géife ginn, zitt et éischter a Lëtzebuerg fir ze schaffen.

Vill Persounen aus dem Fleege - a Gesondheetssecteur géifen op Lëtzebuerg an och an aner Länner schaffe goen, an deemno a Frankräich selwer feelen. Den Ament ass d'Regioun ronderëm Metz als zone rouge aklasséiert, an et wier een trotzdeem net gutt präparéiert, wat de Stockage vum Personal ugeet.

Der Generalsekretärin vum Groupement Hospitalier Sud no géifen d'Leit aus dem Gesondheetssecteur no hirer Schoulung op Lëtzebuerg fir e bessere Salaire schaffe goen. A Frankräich verléiert de Beruff iwwerdeems un Attraktivitéit. 
Een Drëttel vun den Infirmieren aus de franséische Schoule geet an aner Länner schaffen. D'franséisch Uneos mat hire 5 Spideeler kritt dem Direkter Régis Moreau hir ronn 60 fräi Posten net besat.