Dëst an eng grouss Alkoholkontroll zu Rued-Sir an zu Ierseng mellt d'Police op e Samschdeg.

Um Freideg Owend huet an der Stater Rue du Fort Bourbon eng Fra Kleeder a Kosmetik an engem Buttek geklaut, an ass duerno geflücht. Sécherheetsbeamte konnten d'Fra stellen, des huet dunn mat de Féiss gerannt a gekraazt. De Parquet gouf informéiert, an d'Fra gouf doropshinn festgeholl. Si kënnt virun den Untersuchungsriichter.

Weider goufe bei enger grousser Kontroll vum Parquet tëscht 21:30 an 23:15 d'Autoen ugehalen, dat zu Rued-Sir an zu Ierseng. Bei 249 Chauffeure gouf den Alkoholpeegel gemoss, 5 Resultater ware positiv an zwee Führerschäiner goufen agezunn.