Et besteet de Verdacht, dass den Alexander Schallenberg sech beim Sommet vun den EU-Ausseminister zu Lëtzebuerg mam Virus infizéiert huet.

Den éisträicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg huet sech mam Coronavirus infizéiert. De Politiker vun der konservativer Regierungspartei ÖVP weist den Ament keng Symptomer an huet sech a Quarantän beginn. Dat huet seng Spriecherin der Noriichtenagence AFP de Samschde matgedeelt.

Wéi et vun der franséischer Noriichtenagence heescht, géif de Verdacht bestoen, dass de Schallenberg sech beim Sommet vun den EU-Ausseminister e Méinden zu Lëtzebuerg infizéiert hätt.

Aus Virsiicht ginn elo sämtlech Membere vun der éisträichescher Regierung op de Coronavirus getest. Dorënner och de Bundeskanzler Sebastian Kurz.

An Éisträich selwer klëmmt d'Zuel vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, grad wéi a villen aneren europäesche Länner, den Ament staark. De Samschden hunn déi éisträichesch Gesondheetsautoritéiten 2300 Neiinfektioune bannent 24 Stonne registréiert. Nach ni virdrun hunn sech an Éisträich esouvill Mënsche bannent engem Dag mam Virus infizéiert.