No Frankräich an der Belsch goufe lo och an zwou italienesche Regiounen nei Mesurë géint de Coronavirus ergraff.

An der italienescher Regioun Lombardei goufen e Samschde sämtlech Caféen a Restauranten um Mëtternuecht zougemaach. An Zukunft sollen d'Caféen an der Regioun no 18h00 just nach Gäscht zerwéieren dierfen déi un Dëscher sëtzen. Och dierfen d'Caféen no 18h00 keen Alkohol méi fir matzehuele verkafen. Weiderhin ass d'Konsuméiere vun Iessen a Gedrénks op ëffentleche Plaze vun e Samschden un verbueden.

Iwwerdeems goufen all sportlech Aktivitéiten am Amateurberäich bis op Weideres ausgesat.

Ausserdeem sinn zënter e Samschden an der norditalienescher Regioun keng Visitten an Altersheemer méi erlaabt, et sief dann et hätt een eng Autorisatioun vum medezinesche Personal vun deem jeeweilegen Heem.

Och an der süditalienescher Regioun Campania goufen nei Mesurë géint de Coronavirus decidéiert. Esou goufen d'Schoulen zougemaach a privat Feiere, grad ewéi och grouss Begriefnisser, goufe verbueden.