De Frank-Walter Steinmeier hat am Laf vun der Woch wärend e puer Deeg Kontakt mat engem Persouneschützer dee mam Coronavirus infizéiert war.

Den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier huet sech de Samschden a Quarantän beginn. Dëst well ee vu senge Persouneschützer sech mam Coronavirus infizéiert huet. Dat huet eng Spriecherin vum Bundespräsidialamt matgedeelt. D'Resultat vun engem Coronatest, dee beim däitsche Bundespresident gemaach gouf, louch de Samschden nach net fir. Vun der Spriecherin huet et weider geheescht, dass deen infizéierte Persouneschützer am Laf vun der Woch wärend e puer Deeg mam Bundespresident ënnerwee war.

Wéinst senger Quarantän huet de Steinmeier eng Partie Rendezvouse fir dëse Weekend ofgesot. Esou hätt hien de Sonnden eng Ried bei der Verleeung vum Friddenspräis vum däitsche Buchhandel zu Frankfurt hale sollen. Ausserdeem wollt hien zu Frankfurt mat Mënsche schwätzen, déi sech wärend der Corona-Pandemie besonnesch staark engagéiert hunn.