An den USA hunn eng Partie Fraen d'Grupp "Suburban Women against Trump", also "Fraen aus de Virstied géint den Trump", gegrënnt.

Am Walkampf em de Poste vum amerikanesche President versicht den Donald Trump ënnert anerem sech d'Stëmme vun de Fraen aus de Virstied ze sécheren. Am Kader vun enger rezenter Walkampf-Veranstaltung huet hien d'Hausfraen aus den amerikanesche Virstied souguer explizitt drëm gebieden hie gär ze hunn. Ëmmerhin, hätt hien hier Noperschafte gerett.

Allerdéngs stéisst den amerikanesche President bei dëser wichteger Grupp vu Wieler ëmmer méi op Ofleenung. Am Bundesstaat Conneticut hunn sech d'Fraen aus de Virstied esouguer zu enger Grupp, déi géint den Trump virgoe wëll, zesummegedoen. Dës dréit de Numm SWAT. De Numm, dee vun der Spezialeenheet vun der amerikanescher Police inspiréiert ass, steet fir "Suburban Women against Trump", also "Fraen aus de Virstied géint den Trump".

D´Zil vun der Grupp ass et géint dem Donald Trump seng Versich, Angscht viru sengem Erausfuerderer Biden ze verbreeden, virzegoen. Den Donald Trump behaapt reegelméisseg, dass den Joe Biden déi amerikanesch Virstied mat Sozialwunnengen zerstéiere wéilt. Der neigegrënnter Grupp no, wéilt den amerikanesche President domadder suggeréieren, dass akommesschwaach, afroamerikanesch Famille Kriminalitéit an d'Virstied brénge géifen. Der Matgrënnerin vu SWAT, dem Brook Manewal no, géif den Donald Trump probéiere fir wäiss Fraen aus Virstied als genee esou rassistesch duerzestellen ewéi hie selwer et wier. Dëst wier awer definitiv net de Fall.