D'Regierung huet um Samschdeg keng nei Corona-Restriktiounen decidéiert. Et ass awer den Appell, seng Responsabilitéit z'iwwerhuelen.

No der Hausse vun den Neiinfektiounen hat de Premier Xavier Bettel de Regierungsrot fir dëse Samschdeg aberuff. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Premier hunn duerno d’Press informéiert.

D'Situatioun zu Lëtzebuerg ass nach ënner Kontroll

An den Nopeschlänner géingen d‘Zuele wesentlech méi an d’Luucht goe wéi zu Lëtzebuerg, esou de Premier virun der Press. Ausserdeem wier eise Gesondheetssystem besser opgestallt. Den Taux d’Occupation an de Spideeler wier niddreg a stabel. Et misst een nach keng Aktivitéiten zeréck schrauwen. D’Altersmoyenne vun den nei Infizéierte wier och méi niddreg wéi am Mäerz.

Keng nei Corona-Restriktiounen

D'Regierung huet keng nei Corona-Restriktiounen decidéiert. Weder am Horesca, nach am Commerce oder am private Beräich. D’Regierung recommandéiert awer op den Télétravail zeréckzegräifen, do wou et méiglech ass.

Responsabilitéit iwwerhuelen

Et ass den Appell, déi sozial Kontakter op e strikte Minimum ze limitéieren an d’Gestes Barrièren anzehalen. Et soll ee besonnesch déi vulnerabel Leit schützen. Grad am private Beräich missten d'Gestes Barrièren applizéiert ginn. An de Restauranten zum Beispill géifen déi meescht Leit sech un d'Mesuren halen. Et wier am Privaten, an der Famill, wou am meeschten Infektiounen hierkéimen.

© Screenshot gouvernement.lu

Kontakter am Bléck behalen

Vun der Gesondheetsministesch ass och den Appell, elo wou d’Zuelen erop ginn, manner Kontakter ze hunn wéi et vum Gesetz hir erlaabt ass. Et soll een och Buch féieren iwwer seng Kontakter, fir de Contact Tracing méi einfach ze maachen.

Neien Test-Center

Vun e Méindeg u geet en neien Test-Center op. Leit, déi eng Ordonnance hunn, kënne sech vun 10h00 bis 17h00 am Gebai vun der aler Nationalbibliothéik um Kierchbierg teste loossen.

Reegele bei Rassemblementer

Bei Rassemblementer vun iwwer 100 Leit mussen d‘Organisateuren d'Santé am Virfeld informéieren. Donieft muss e Protocole sanitaire gemaach ginn. Do wou Iessen zerwéiert gëtt, gëllen et d’Reegele vun der Horesca.

Konklusioun

Et ass den Appell un all Mënsch seng Responsabilitéit z’iwwerhuelen an sech nees méi un d'Reegeln ze halen. Et geet drëm, z’evitéieren dass wéi an den Nopeschlänner nees muss villes zougemaach ginn.

Hei kënnt dir iech d'Pressekonferenz nach eemol ukucken (Start bei 19min):