35.000 Mataarbechter solle verhënneren, dass iwwer Facebook oder Instagram Walmanipulatioun bedriwwe gëtt.

Facebook huet 2.2 Millioune Reklammen an 120.000 Posts geläscht, mat deene probéiert gouf d'Leit bei den ustoende Presidentiellen an Amerika vum Wielen ofzehalen. Dëst esouwuel op Facebook selwer, ewéi och op Instagram. Iwwerdeems huet dat soziaalt Netzwierk Warnungen ënner 150 Millioune Posts geschriwwen an deene falsch Informatioune verbreet goufen. Dat huet de Vizepresident fir global Ugeleeënheeten a Kommunikatioun bei Facebook, Nick Clegg, dem franséischen "Journal du Dimanche" de Sonnde matgedeelt.

Domadder wëll Facebook verhënneren, dass dat soziaalt Netzwierk op en neits benotzt gëtt fir Wieler ze manipuléieren. Esouwuel bei den amerikanesche Presidentiellen 2016, ewéi och beim Referendum iwwert den EU-Austrëtt vu Groussbritannien am Joer 2016, gouf probéiert Wieler iwwer Facebook ze manipuléieren an esou d'Resultater vun de Walen ze beaflossen.

Ewéi de Clegg géigeniwwer der franséischer Wochenzeitung sot, géifen sech den Ament 35.000 Mataarbechter ëm d'Sécherheet vu Facebook an Instagram këmmeren an oppassen, dass keng Walmanipulatioun iwwer d'Plattforme bedriwwe gëtt. Facebook soll dofir mat 70 Partner aus de Medien zesummeschaffen, déi dat soziaalt Netzwierk beim Iwwerpréiwe vun Informatiounen ënnerstëtze sollen. Iwwerdeems géif eng kënstlech Intelligenz et erlabe Milliarde vu Posts a falschen Accounten ze läschen éier dës vun de Notzer gemellt géife ginn.

Fir eng maximal Transparenz ze garantéiere späichert Facebook iwwerdeems sämtlech Reklammen an Informatiounen iwwer hier Finanzéierung an Hierkonft fir en Zäitraum vu 7 Joer.

Schonns e Samschden hat dat soziaalt Netzwierk e Verbuet vu Reklammen, déi d'Leit dovun ofhale sollen sech impfen ze loossen, annoncéiert.