Zënter dem Ufank vun der Pandemie hunn sech a Frankräich 967.197 Mënsche mam Coronavirus infizéiert.

A Frankräich gouf et op en neits e Rekord vun den Neiinfektioune mam Coronavirus bannent engem Dag. Ewéi déi franséisch Gesondheetsautoritéiten de Samschden Owend matgedeelt hunn, goufe bannent 24 Stonnen 32.427 Neiinfektioune mam Virus registréiert. Domadder hunn sech zënter dem Ufank vun der Pandemie 867.197 Mënschen a Frankräich infizéiert. Iwwerdeems sinn an eisem Nopeschland e Samschden 90 weider Mënschen um COVID-19 gestuerwen. D´Gesamtzuel vun den Doudesaffer ass domadder op 33.302 geklommen.

Suerge mécht den Autoritéiten den Ament virun allem d'Auslaaschtung vun de Spideeler an de grousse franséische Stied. An dëse ginn den Ament ëmmer méi Better vu Corona-Patiente besat. Zënter e Samschde gëllen an eisem Nopeschland jo nei Mesurë géint de Coronavirus.