A Frankräich hu vill Leit sech versammelt fir hir Solidaritéit mam Geschichtsprofesser, deen de Freiden ëmbruecht gouf, auszedrécken.

Nodeems e franséische Geschichtsprofesser e Freiden an der Géigend vu Paräis vun engem presuméierten islamisteschen Täter gekäppt gouf, goufe fir de Sonnden a ganz Frankräich Solidaritéitsmanifestatiounen ugekënnegt. Zu Paräis an iwwerall a Frankräich sinn d’Leit op d’Strooss gaange fir dem Samuel Paty ze gedenken. De Sonnde Mëtte hu sech Vertrieder vun de Parteien, Verbänn a Gewerkschaften zu Paräis an a weidere grousse franséische Stied versammelt. Ënner anerem goufen zu Nice a Lyon Manifestatiounen organiséiert.

De Premierminister Jean Castex zesumme mam Educatiounsminister Jean-Michel Blanquer waren och op der Manifestatioun op der Place de la République zu Paräis dobäi. Dëst fir d’Enseignanten z’ënnerstëtzen.

Un der Kundgebung zu Paräis sollt ënner anerem d'Redaktioun vun der Satirzeitung "Charlie Hebdo" deelhuelen. Dës war 2015 selwer Affer vun engem islamisteschen Attentat, bei dem 12 Mënschen em d'Liewe komm sinn, ginn.

An der Gemeng Conflans-Sainte-Honorine, wou d'Dot sech de Freiden ofgespillt huet, hu schonns e Samschden dausende vu Leit dem Affer geduecht. Vill vun hinnen hu Schëlder op deenen "Je suis enseignant" stoung an d'Luucht gehalen an domadder op de Sproch "Je suis Charlie", deen als Reaktioun op d'Attack op "Charlie Hebdo" am Joer 2015 opkomm war, verwisen.

Fir d'nächst Woch de Mëttwoch den Owend ass eng offiziell national Gedenkfeier fir de verstuerwene Professer geplangt. De franséischen Premierminister Jean Castex huet iwwerdeems eng Strategie, déi e méi séiert Agräife bei Menace géint Léierpersonal erlabe soll, ugekënnegt.