Si protestéiere géint eng méiglech zweet Amtszäit vum Trump a géint dësem seng Nominatioun  vun der ëmstriddener Riichterin Amy Coney Barrett fir den ameri

E Samschde sinn an den USA dausende Mënschen op d'Strooss gaange fir géint den amerikanesche President Donald Trump a fir Fraerechter ze demonstréieren. An der Haaptstad Washington D.C. an an anere Stied hunn sech virun allem Frae versammelt. Si hu géint eng méiglech zweet Amtszäit vum Trump a géint dësem seng Nominatioun  vun der ëmstriddener Riichterin Amy Coney Barrett fir den amerikanesche Supreme Court, protestéiert.

Den Organisateure vun de Protester no, hunn sech an de ganzen USA iwwer 100.000 Mënschen un am Ganze 430 Demonstratioune bedeelegt. D'Protester ware vum éischte sougenannten "Women's March" nom Ufank vum Trump senger Presidentschaft am Joer 2017 inspiréiert. Deemools haten iwwer 3 Millioune Mënschen un de Protester deelgeholl.