Am Zenter wäerte just Leit, déi eng Ordonnance fir en Test vun hirem Dokter virweise kënnen, sech kënnen teste loossen.

Fir op déi staark Nofro no Tester op de Coronavirus ze reagéieren, huet de nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) decidéiert een neien Test-Zenter um Kierchbierg ze installéieren. Dat deelt de Gesondheetsministère an engem Communiqué mat. Den Zenter, deen sech am fréiere Gebai vun der Nationalbibliothéik befënnt, wäert e Méinden den 19. Oktober um 12h00 Mëttes opgoen.

Et wäert ee kee Rendezvous huele musse fir sech testen ze loossen. Allerdéngs wäerte just Leit déi eng Ordonnance fir en Test vun hirem Dokter virweise kënnen, sech kënnen teste loossen. Kanner kënne réischt ab engem Alter vu 6 Joer getest ginn. Den Zenter wäert 7 Deeg an der Woch vun 10h00 bis 17h00 op sinn.

Liest hei de Communiqué vum Ministère:

Ouverture d’un nouveau centre de prélèvement pour test COVID-19 à Luxembourg-Kirchberg (18.10.2020)

Communiqué par: ministère de la Santé

Pour répondre à la forte demande en tests diagnostiques du coronavirus, le Laboratoire national de la Santé (LNS) ouvrira à partir de lundi, 19 octobre à 12h00 un centre de prélèvement pour test COVID-19 dans l’ancien bâtiment de la Bibliothèque nationale de Luxembourg (BNL) à Luxembourg-Kirchberg, au 31 boulevard Konrad Adenauer.  

Les prélèvements sont réalisés sans rendez-vous, mais seules les personnes munies d'une ordonnance médicale sont admises au test.   

Les enfants peuvent être testés seulement à partir de 6 ans. 

Heures d’ouverture : 7j/7 (de 10h00 à 17h00).