Wéi a villen anere Länner an Europa gëtt och eng Hausse vun den Infektiounszuelen an der Schwäiz festgestallt.

An der Schwäiz huet d’Regierung e Sonndeg nei Mesurë géint d’Verbreedung vum Coronavirus annoncéiert. Vun e Méindeg un gëtt et also eng Maskeflicht op den ëffentleche Plazen uechtert d’Land. D’Hausse vun den Neiinfektioune wier nämlech beonrouegend.

Nieft der Maskeflicht wäerte spontan Versammlunge vun iwwer 15 Persounen am ëffentleche Raum verbuede sinn. Privat Evenementer vu méi wéi 15 Persoune wäerten och méi streng reglementéiert ginn. D’Regierung huet deemno och en Opruff gemaach op den Teletravail zeréckzegräifen.