D‘Police huet e Sonndeg de Moie missen eng illegal Party mat méi wéi 200 Gäscht an der Géigend vu Boukels opléisen.

Wéi d’Police mellt gouf e Sonndeg de Moie géint 9h00 eng Party am Bësch bei Boukels an der Géigend vum Park Housen gemellt. Och de Buergermeeschter vun Housen huet sech gemellt well verschidden Awunner sech wéinst dëser Party beschwéiert hunn. Engem Fierschter no wiere méi wéi 200 Persounen op der Plaz gewiescht.

Déi éischt Patrull vun der Police huet eng Partie Autoen a Musek festgestallt. Weider Patrulle sinn deemno op d’Plaz komm fir dës illegal Party opzeléisen. Déi genee Ëmstänn goufe mat de Fierschter gekläert an un de Parquet weidergeleet.

Déi meescht Gäscht hate Masken un wéi d’Police op d’Plaz koum an hu sech kooperativ verhalen. Et gouf deemno versicht d’Donnéeë vun esou ville Gäscht wéi méiglech ze sammelen. Et huet sech erausgestallt dass et sech ëm eng Party gehandelt huet déi am Virfeld op de soziale Medien organiséiert gouf. D’Identitéit vu méi wéi 50 Persoune gouf festgehalen, déi meescht dovunner si keng Residenten a kommen warscheinlech aus de Nopeschlänner.

An deem Kader gi Plainten a Rapporte wéinst Verstéiss géint d’Naturgesetz an géint d'COVID-19-Bestëmmungen erstallt.

Weider Verstéiss géint COVID-19-Bestëmmungen

D’Police huet an der Nuecht op e Sonndeg direkt e puermol op déi aktuell COVID-19-Bestëmmungen opmierksam gemaach. Zu Esch an der Rue d‘Audun ware géint 02h30 nach Clienten an enger Disko. D’Besëtzer goufen op en neits op d’Reegelen opmierksam gemaach. D’Clienten hu missen erausgoen an d’Disko gouf zougemaach. E Rapport un den zoustännege Ministère gëtt erstallt.

Och zu Sandweiler gouf e Samschdeg den Owend géint 22h30 haart Musek an engem iwwerfëllte Lokal gemellt. D’Police huet deemno d’Gebai kontrolléiert. Et gëtt eng Plainte opgeschriwwe well de Besëtzer vum Lokal net present war. Donieft gëtt och e Rapport wéinst Verstéiss géint d‘COVID-19-Bestëmmungen un den zoustännege Ministère weidergeleet.