Fir d’Corona-Kris ze bekämpfen huet déi italienesch Regierung Moossnamen am Wäert vun 39 Milliarden Euro annoncéiert.

An Italien gouf e Sonndeg de Budgetsprojet vun 2021 vum Ministerrot gestëmmt. Moossname vun 39 Milliarden Euro goufe matgedeelt. Wéi et vum Wirtschaftsminister Roberto Gualtieri heescht wier nach ni an der Geschicht vun Italien esou en ausféierlecht Finanzgesetz ausgeschafft ginn. D’Beräicher vun der Gesondheet, vun der Bildung a vun der Wirtschaft sollen ënnerstëtzt ginn.

D’Moossname sollen duerch Scholden an duerch d’Corona-Hëllefe vun der EU finanzéiert ginn. Donieft gi Verträg vu ronn 30.000 Dokteren an Infirmiere verlängert. 400 Milliounen Euro goufe geplangt fir Impfstoffer ze kafen. Fir de Gesondheetssecteur sinn am Ganze 4 Milliarden Euro virgesinn. De Budgetsprojet gëtt deemnächst der EU-Kommissioun virgestallt.