Am Kader vun enger Alkoholkontroll zu Beyren huet d’Police e Samschdeg 1 Kilo Marihuana saiséiert. 2 Männer goufe festgeholl.

Wéi d’Police e Samschdeg en Auto kontrolléiere wollt ass hinnen e staarke Geroch vu Marihuana am Auto opgefall. Doropshin huet de Bäifuerer dem Polizist eng kleng Tut Marihuana ofginn. Wéi d’Beamten de ganzen Auto duerchsicht hunn, hu si dem Bäifuerer säi Rucksak fonnt an deem zwou grouss Tute Marihuana waren. Am ganzen haten dës e Gewiicht vun iwwer 1 Kilo.

De Drogeschnelltest beim Chauffer vum Auto war positiv. Méi spéit gouf dann eng Bluttanalys am Spidol gemaach. Op Uerder vum Parquet goufen d’Wunnenge vu béide Männer duerchsicht. Si goufen deemno festgeholl. Donieft goufen d’Drogen, eng Partie Handyen an den Auto saiséiert.