Wéi et vun der Police heescht sinn e Samschdeg dräi Männer festgeholl ginn déi een anere Mann zu Ettelbréck iwwerfall hunn.

E Mann huet sech e Samschdeg géint 18h00 bei der Police vun Ettelbréck gemellt well hie vun 3 Persounen op der Place de la Gare iwwerfall gouf. Hie souz mat senger Frëndin op enger Bänk wéi 3 Männer Géigestänn aus sengem Rucksak geklaut hunn. Déi dräi presuméiert Täter konnte vun der Police an der Foussgängerzon gestallt ginn.

Ee vun de Männer hat eng Auer un déi hie geklaut hat. D’Täter goufen duerchsicht an et konnte weider Objeten an eng kleng Quantitéit u Droge geséchert ginn. Op Uerder vum Parquet goufen déi dräi Männer festgeholl. Si koumen e Sonndeg de Moie virun d’Untersuchungsriichterin.