E Samschdeg den Owend gouf jo d’Flucht vun engem Abriecher zu Leideleng gemellt. D’Police sicht elo no Zeien.

Den Abriecher huet géint 20h45 an engem Haus zu Leideleng den Alarm ausgeléist. Op de Biller vun der Iwwerwaachungskamera konnt e Mann mat enger Täscheluucht erkannt ginn. Den Noper huet gesinn dass e Mann geflücht ass wéi eng Patrull op d’Plaz koum. Donieft goufen d’Hënn vun der Police agesat. Méi spéit huet sech erausgestallt dass zwee Täter agebrach sinn.

D’Beschreiwung vun den Täter:

  • Mann mat enger Camouflage-Box an engem helle Kaputzepullover
  • Mann mat däischterer Box, Jackett, Mutz a Schong mat Sträifen déi reflektéieren (Foto)

Donieft gouf festgestallt dass eng Fënster op der Récksäit vum Haus futti gemaach gouf an dass en Zëmmer um ieweschte Stack duerchsicht gouf. D’Beamte vun der Spueresécherung waren op der Plaz. Bis ewell goufen d’Täter net erëmfonnt.

All Informatioun an dësem Zesummenhang ass fir d’Police vun Esch (Tel: 244 50 4500; esch-ci-esch@police.etat.lu).

© Police

© Police

© Police