Pro Joer visittéieren eng 7 Millioune Mënschen den Eiffeltuerm, dëst Joer wäerten et däitlech manner sinn. Dat mécht sech elo scho bemierkbar.

Den Eiffeltuerm zu Paräis kritt wéinst der Coronakris däitlech manner Visiteure wéi soss. D'Zuele sinn am Verglach zum leschte Joer der Bedreiwer-Entreprise no ëm 80 Prozent zeréckgaangen.

Dat franséischt Symbol kënne pro Dag eng 25.000 Visiteure kucke goen, aktuell sinn et awer just 2.500.

Wéinst der Pandemie reesen d'Leit grondsätzlech manner, wat och manner Touriste bedeit. Um Eiffeltuerm selwer sinn d'Hygiènesmesurë streng. D'Liften dierfen z.B. manner Mënsche gläichzäiteg benotzen. A wéinst der Ausgangsspär nuets mussen d'Bedreiwer vum Tuerm viru Mëtternuecht zoumaachen.

Den iwwer 130 Joer alen Eiffeltuerm an der Géigend vun der Seine gëtt normalerweis vu bis zu 7 Millioune Mënschen d'Joer besicht. Wéinst der Pandemie war den Tuerm fir 3 Méint zou an huet eréischt Enn Juni nees opgemaach.