An den nächste Méint gëllt a ganz Spuenien, mat Ausnam vun de kanareschen Inselen, nuets eng Ausgangsspär.

Wéinst den héije Corona-Infektiounszuelen huet d'Regierung a Spuenien e Sonndeg de landeswäite Gesondheetsnoutstand ausgeruff.

Dëse gëllt fir d'éischt mol fir déi nächst zwou Wochen. Mat Hëllef vum Parlament, hofft de Regierungschef Pedro Sanchez awer dëse kënnen an den nächsten Deeg bis Mëtt 2021 ze verlängeren. Dat sot hien um Sonndeg an enger Tëleeusprooch.

An den nächste Méint gëllt a ganz Spuenien mat Ausnam vun de kanareschen Inselen, nuets eng Ausgangsspär vun 23h00 bis 06h00 moies.

Spuenien gehéiert zu deene Länner a Westeuropa déi am schwéierste vun der Pandemie betraff sinn. Bis ewell goufen iwwer 1 Millioun Infizéierter registréiert, knapp 35.000 Mënsche si gestuerwen. D'Zuel vun den Neiinfektioune pro 100.000 Awunner bannent 7 Deeg läit bei 191,11 mat enger Tendenz no uewen.