Zu Stadbriedemes gouf e Sonndeg een Auto aus der Musel gebuergen.

E Sonndeg de Moie kuerz no 11h00 gouf dem 112 een Auto gemellt, deen zu Stadbriedemes an d'Musel gerullt wier.

D'Pompjeeë vum CIS Réimech a Schengen goufen alarméiert wéi och de Groupe d‘Intervention Spécialisé - Sauvetage Aquatique (GIS SAQ).

Nodeems op der Plaz confirméiert gouf, dass keng Persoun méi am Auto ass, gouf den Auto lokaliséiert, a vun Taucher mat Hëllef vun Hiefkëssen an engem RW-Kran gebuergen.

Wéi de CGDIS op Facebook schreift, war den Asaz géint 17h00 eriwwer. Eng 25 Pompjeeën an Taucher waren am Asaz, wéi och d'Police an de Service de la Navigation.

[Stadtbredimus - Biergung aus der Musel] Kuerz no 11 Auer gouf dem CSU 112 en Auto gemellt deen zu Stadtbredimus an...

Gepostet von CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours am Sonntag, 25. Oktober 2020